Mir soe Merci!

Viru 5 Joer huet déi haiteg Delegatioun hire Wahloptrag ugeholl a sech an dëser Zäit esou gutt ewéi méiglech fir d’Mataarbechter am CHNP agesat. Um Enn vun dësem Joer leeft dëst Mandat aus.

An deene leschte 5 Joer gouf et eng Parti Konflikter ze bewältegen. Zäitweis woren et schwéier Phase mat permanente Widderstänn. Mä zum Gléck goufen et och konstruktiv an oppe Phase a mir konnten ëmmer op d’Ënnerstëtzung vum Personal an op d’Hëllef vum OGBL zeréckgräifen.

Mëttlerweil si mir och a verschidde Gremie vertrueden, wat eis d’Méiglechkeet gëtt entspriechend bei Entscheedungen matzewierken, oder op d’mannst en Avis kennen ofzeginn. Mier hunn eis dofir agesat dat Berichter a Communiquéë publizéiert ginn, och wann dës eis nach net ausféierlech genuch sinn.

Mir hunn eis dacks fir de gesamten CHNP a fir all eenzelne Mataarbechter engagéiert. Diskretioun ass eist héchst Gebot. Dat bréngt mat sech, dat vill vun eisen Erfolleger leider net ëffentlech kënne gemeet ginn. Anerer si schwéier duer ze stellen, wéi zum Beispill d’Formatioun Continue a Verbesserunge vun den Aarbechtskontrakter, déi eis iwwert Joeren am Comité Mixte beschäftegt hunn.

Mir sinn awer och bei verschidde Verhandlunge gescheitert, wéi zum Beispill am Beräich vun de Schlofnuetswaarten, hei si verschidden Interessen openee gestouss, déi net mateneen ze verbanne sinn.

Selbstkritesch musse mir och feststellen, dat mir eis eiser Aarbecht esou staark gewidmet hunn, dat eis net genuch Zäit bliwwen ass, fir esou präsent um Terrain ze sinn, wéi mir eis dat gewënscht hätten. Mir hunn awer och Weeër fonnt fir dëst opzefänken. Sou hu mir eis betribsintern Intranet- an eis Internetsäit vun der Delegatioun opgestallt, mir bidden e Facebookgrupp un a publizéieren natierlech weiderhin eis Printmedien. Mir sinn och iwwert Telefonsnummer 2682-3705 (GSM 621 18 70 64) permanent fir jiddereen erreechbar.

Den 13. November sinn Neiwahlen. Mir - d’Delegatioun 2009-2013 - wëllen dofir als Team all eise Maatarbechter e grousse Merci soe fir d’Ënnerstëtzung an dat an eis gesate Vertraue.

Och wann net ëmmer alles siichtbar ass, ass eis Aarbecht erausfuerderend an usprochsvoll. Mir froen dofir, dat all Mataarbechter vu sengem Wahlrecht Gebrauch mécht, well eng staark Personaldelegatioun enorm wichteg ass!